FLPS Logo

FLPS - 18.06.2021

CORONA BESTEMMUNGEN

Un d’Kolleegen(innen) aus den FLPS-Veräiner

Un d’FLPS-Sektiounen

 

Op dem leschte Kongress ass d’Problematik vun dem Respekt vun den neie Reegelen fir de Sportbetrib zu Lëtzebuerg gestallt gi. Dorop hin hu mir Kontakt opgeholl mat de Verwaltungen an dem Sportsministère.

D’Bestëmmunge gëllen viraussiichtlech bis de 15. Juli.

Mir gi Iech d’Konklusiounen vun den intensive Gespréicher weider:

Dem Sportsministère ass et net méiglech, fir eng eege Reglementatioun fir déi vill ënnerschiddlech Sportaarten ze maachen, leider och net fir d’Sportfëscherei, déi dem Ministère an dem Comité Olympique ugegliddert ass a maximal ënnerstëtzt gëtt.

Fakt: Kompetitiounsfësche besteet doranner, dat e Klassement vun de Bedeelegte gemaach gëtt. (Dat Klassement gëtt normalerweis dann och publizéiert). Kompetitiounsfëschen ass Sport.

Wann also Kompetitiounsfëschen ofgehale gi, da  si d’Reegele beim „Präisfëschen“ déi selwecht, wéi fir de Sport am Allgemengen.

Also:

1.D’Compétiteuren, déi 2 Mol geimpft si oder nees gesond sinn, brauche keen Covid-Test ze maachen. Si leeën de Beweis dofir vir. (Dokument oder QR)

2.E Compétiteur, deen dem Organisateur een negativen Test (PCR 72 Stonnen, zertifiéierten Schnelltest 48 Stonnen) virleet, ass berechtegt, deelzehuelen.

3.Compétiteuren, déi dat net kënne virleeën, maachen virum Aschreiwen e Schnelltest. Dee Schnelltest gët vum Ministère gratis zur Verfügung gestallt a kann och  do vum Organisateur ugefrot gi. (Am Noutfall mëscht d’FLPS-Sekretariat et).

4.Den Organisateur fëllt de virgesinne Formulaire aus mat den Donnéeën vun den Testpersounen (mat Matriculesnummer). Dëse Formulaire gëtt un Direction de la Santé an un de Ministere des sports geschéckt.

Kolleegen/Kolleeginnen

Mir gi dervun aus, dat vill Fëscher schonn déi 2. Impfung kruten an dat domat d’Zuel vun den obligatoresche  Schnelltester net ze vill Schreifaarbecht verlaangt. Loosst iech net schonns am Virfeld decouragéieren. Wa mir nämlech och nach d’Saison 2021 net maximal duerchzéien, da gëtt et ëmmer méi schwéier, fir sech als Sportfëscher – Veräiner a - Sektiounen ze behaapten!

 

Mir bieden iech, fir dës Joer méiglechst aktiv ze sinn. D’Sektioune sollten d’Championnat ofhalen!

 

                                               Mat kollegiale sportleche Gréiss,

 

  Jos Scheuer/ President                                           PierrotMerten/Generalsekretär

 

 



Image popup
Image popup

Okay

Loading


Kontakt

Fédération Luxembourgeoise
des Pêcheurs Sportifs a.s.b.l.


47, rue de la Libération
L-5969 ITZIG
Tel: (+352) 366555
Fax: (+352) 369005
Email: secretariat@flps.lu

Bürozeiten:

Montag: von 09.00 - 12.00 Uhr
Mittwoch: von 09.00 - 12.00 Uhr
Freitag: von 09.00 - 12.00 Uhr

Folgen Sie uns
FLPS ONLINE

Mitglied von
Copyright 2024 - Fédération Luxembourgeoise des Pêcheurs Sportifs