Matdeelung vun der Lëtzebuerger Sportfëscherfederatioun (FLPS)
D’Héichwaasser war eng schlëmm Katastrof a mir drecken allen Affer äis Bäileed an äis Hëllefsbereetschaft aus.
Elo, wou dat meeschte Waasser sech zereckgezunn huet, bleiwen an de Wisen, de Felder an de Gäert vill méi oder wéineger déif Weiheren a Piddel zereck, an deenen d’Waasserdéieren a virun allem d’Fësch sech sammelen. Vill Fësch koumen nët méi zereck an d’Baach oder de Floss. D’Fësch stierwen ganz sëcher u Sauerstoff- oder Waassermangel oder si gin Affer vu Braconnéier.
Heimat bieden mir all eis Memberen, all Fëscher an all Naturschützer, fir déi steeënd Gewässer ofzegoen, ze kontrolléieren an d’Waasserdéieren nees zereck an hiert Waasserbett ze setzen. Dësen Appell ass dréngend.
Den Zentralvirstand vun der Lëtzebuerger Sportfëscherfederatioun (FLPS)
(Signé Jos Scheuer)